
Keen anere Modell steet esou fir déi brittesch Traditiounsmark wéi de Vanquish.
Superlative
Mir starten direkt an der Kategorie Dramauto, wëll an déi passt den neie Vanquish perfekt. En Design, deen engem den Otem hellt a Fuerleeschtungen um héchsten Niveau, dat ganzt gekoppelt mat extreemem Luxus. De Coupé mam 835 PS staarke 5.2 V12 ass op 1000 Exemplaire pro Joer limitéiert, Exklusivitéit also garantéiert.
Sportswon duerch an duerch
De puristeschen “Drivers Car” definéiert Aston Martin mam Vantage Coupé. Dee bréngt nämlech alles mat, wat een dofir muss hunn; eng perfekt Gewiichtsverdeelung, ee potente V8 Twin Turbo an eng Suspensioun, déi de Chauffer fuerdert. Soll dat ganzt dann nach Open Air sinn, da kënnt de Vantage Roadster an d’Spill. Fir säi Stoffdaach no hannen ze falen, brauch dee grad emol 6,8 Sekonnen. An e Gewiichtsnodeel gëtt et och net, de Cabrio bréngt nëmme 60 Kilo méi op d’Wo. Aus der Vantage-Famill kënnt och ee klenge Bonbon an de Showroom: fir de Festival wäert de Vantage GT4 ausgestallt sinn, de Sportswon vun Aston Martin Racing deen an der Saison 2023/2024 am Asaz war. Sécherlech genee esou speziell, mee dat op eng ganz aner Manéier ass de Supercar Valhalla. Séng technesch Donnéeë liese sech wéi d’Guinness-Buch vun de Rekorder: 1079 PS an 1100 Nm Systemleeschtung vum Hybrid-Undriw, eng Spëtzt vun 350 km/Stonn an an 2,5 Sekonnen op 100. Déi 999 virgesinnen Exemplairen hunn awer sécher schonn all eng reservéiert Plaz an enger Sammlergarage, dofir wäerte mer de Valhalla och net um Festival gesinn.
Populär
E bësse méi um Buedem vun der Realitéit, wann och méi héich wéi seng Markebridder; mir schwätze vum SUV DBX 707. Fir dee war nämlech d’Zäit fir eng kleng Renovatioun komm. Neien Design baussen a bannen esou wéi en Update vun der Technik stoungen um Programm.