Esou lues heescht et, sech bäi ze maachen wann een nach ee “richtegen” Alpina erwësche wëll.

Gran Turismo

Wat bei BMW eigentlech fir eng méi speziell Karrosserieform steet, zeechent bei Alpina déi ganz besonnesch Autoen aus. De B3 GT a B3 GT Touring kombinéieren no gudder aler Alpina-Manéier héich Leeschtung, en agillt Fuerwierk an exzellente Fuerconfort. An Zuelen heescht dat 529 PS an een Dréimoment vu 730 Nm aus dem bekannten 3-Liter Reiesechszylinder. Natierlech dierfen och déi typesch optesch Akzenter baussen net feelen. Fir Fans vu prakteschen an awer eleganten Autoe proposéiert Alpina de B4 GT. Den eedele Cousin vum 4er Gran Coupé kritt déi selwecht Optik an Technik a packt de Sprint op 100 an 3,5 Sekonnen. Leider ass de 4-dierege Coupé nach net um Festival ze gesinn.