An all Modellrei vu Bentley gëtt et fir de Festival eppes Neies.

Stretch-SUV als Star vum Festival
18 cm, esouvill méi kritt de Bentayga EWB (fir “Extended Wheelbase”) u Radstand spendéiert. Méi wäit ausernee geréckelt Achsen heescht dann virun allem méi Beeraum an der zweeter Rei. Passend dozou gëtt et dann och deen neien, extra bequeemen Airline Seat, dee sech op 22 Manéiere verstelle léisst.

Eng Portioun Sport
Déi kritt de Continental GT S a GTC S verpasst. Anescht wéi seng Bridder, déi op Luxus setzen, kombinéiert Bentley hei vill schwaarz Akzenter mat enger betount sportlecher Ofstëmmung. De 4-Liter V8 mat 550 PS dréit dann och säin Deel dozou bäi. Loscht op selwer fuere soll och de Flying Spur Speed maachen. Hei komme mam 6-Liter-V12 nach emol 85 Extra-Päerd derbäi déi de Sprint op 100 op 3.8 Sekonne verkierzen.

Zäitgeméiss
Och d’Luxusklass passt sech un – nieft dem Bentayga kënnt elo mam Flying Spur Hybrid deen nächsten elektrifizéierte Bentley. Esou ass d’Motorisatioun och scho bekannt; een 2.9 Liter V6 mat E-Motor, hei awer mat 544 PS nach e Krack méi staark. Iwwer 700 km soll des Kombinatioun maximal méiglech maachen.