Alfa vergréissert seng SUV-Gamm a léisst elo deen drëtte Modell starten.

Ëmgedeeft
 
E sollt Milano heeschen – do war awer d’italieenesch Regierung net averstan – dofir lauschtert elo dee klengsten SUV an der Alfa-Gamm op den Numm Junior. Beim Design huet sech Alfa nawell eppes getraut an een erfrëschende Look geroden, ënnert dem Blech stécht entweder een Elektro- oder Hybridundriw.