Zënter dem Start um Lëtzebuerger Marché fir de leschte Festival huet BYD zwee nei SUV lancéiert.

Grouss an elektresch

De Seal U baséiert, wéi den Numm et scho seet, op der Mëttelklass-Limousin Seal, leet awer den Akzent op ee geraimege Banneraum fir d’ganz Famill. Den Design iwwerhëlt déi typesch Elementer aus der “Ocean”-Serie vu BYD, d’Technik baséiert op der Blade-Batterie a versprécht maximal 500 km Autonomie. E bësse méi an déi sportlech Richtung geet de Sealion 7. Eng Fastback-Silhouette am typesche SUV-Coupé-Stil an eng Leeschtung vun 390 kW ginn dem 4m83 laangen SUV e gudde Schotz Dynamik. Houfreg ass BYD op den neien E-Motor, dee mat bis zu 23.000 Touren dee séiersten Elektromotor vun der Welt ass.