Déi sportlech-emotional Versioun vum 500e feiert Europa-Première.

Fuerspaass garantéiert
Dat versprécht Abarth sech vum vollelektresche 500e. Net nëmmen de Look bleift typesch, och krut den E-Motor eng Leeschtungssprëtz bis op 154 PS an, fir d’Fans net ze enttäuschen, ee Sound-Generator, deen de legendären Abarth-Klang imitéiert.

De Bensinn bleift
Clienten mat Bensinn am Blutt wäerte sech awer freeën dat d’Verbrenner-Modeller Abarth 595 (165 PS) a 695 (185 PS) als Coupé oder Cabrio mol nach an der Gamm bleiwen, dëst mat neien Equipementer a Faarwen.