
Ronderëm Audi war et roueg ginn, elo sinn d’Ingolstädter mat villen neie Modeller nees um Start.
Traditioun an och net
Fir de Vertrieder an der Kompakt-Klass, den A3 koum d’Zäit fir en Upgrade. Déi 4. Generatioun profitéiert vun enger méi sportlecher Optik, neien Design-Elementer an enger Hellewull vun digitalen Offeren. Eng ganz aner Philosophie verfollegt den neien A5. Wat soss fir d’Coupé-Versioun vum A4 stoung, ass elo deem säin Nofollger. An engems markéiert déi ongerued Modellbezeechnung d’Audi-Modeller mat Verbrenner-Motoren. Am Fall vum A5 sinn dës deel-elektrifizéiert. Net feelen dierf natierlech och d’Kombiversioun A5 Avant. Och hien steet op der neier Premium Platform Combustion-Basis an ass wéi d’Limousine e bëssen an all Richtunge gewuess.
E 6er am Elektreschen
Kloer dat Audi d’Konkurrenz aus München net aleng gewäerde léisst. Dofir goufen elo den A6 Sportback e-tron an d’Kombiversioun A6 Avant e-tron lancéiert. Den zweete Modell op der Premium Platform Electric soll natierlech dem BMW i5 d’Stier bidden a wëll mat Leeschtung, Autonomie a neister Batterietechnik Punkte sammelen. Maximal 716 Kilometer solle méiglech sinn, d’Lueden, esou versprécht Audi, ass mat Hëllef vun 800 Volt-Technik bis zu 225 kW séier. Op der selwechter Plattform baut och deen neie Q6 e-tron op. Logescherweis deelt en sech d’Technik mam A6, dat ganzt natierlech verpaakt an den typesch muskulösen Audi-SUV-Look
Den Audi Q6 e-tron am RTL Autotest