Fir de Festival huet BMW bal fir all Goût eppes matbruecht, mat un der Spëtzt engem massiven M-Modell.

Nach net do gewiescht

Natierlech gëtt och déi 8. Generatioun vun der erfollegräicher Business-Limousine 5er nees vun enger M-Versioun gekréint. A se kënnt esouguer als Kombi. Den M5 Touring huet et fauschtdéck ënnert dem Capot; maximal 727 Päerd an 1000 Nm gëtt den Hybrid-Undriw aus V8 an Elektro of, allerdéngs bréngt déi ganz Technik och genuch op d’Wo. Trotzdeem versprécht d’M-Abteilung vu BMW nees héchste Fuerspaass.

Elegant a beléift

An der Kompaktklass ësst d’A mat, dofir steet beim neien 2er Gran Coupé den Design besonnesch am Vierdergrond. Bei der zweeter Generatioun gouf den Design nach emol méi charakterstaark an den Undriw komplett iwwerschafft. Vläit manner op Eleganz mee dofir méi op den imposanten Optrëtt setzt deen neien X3. De Bestseller vu BMW passt sech optesch mat méi glate Flächen a markanten Ecken dem klenge Brudder X1 un a bréngt ënnert dem Blech nei Bensinner-, Diesel- an Hybridmotoren mat