Virun kuerzem gouf um CR342 tëscht der N7 a Rouderssen e spezielle Marquage fir d’Motorrieder gezeechent.

Dëse Marquage soll de Motocyclisten hëllefen an de Kéiere méi een Ofstand zur Mëttellinn ze halen. Et wéilt een domadder eng propper Trajectoire schafen, esou Ponts et Chaussées. Mat der Streck Wolz-Kautebaach, ginn et ewell 2 Stroossen hei am Land, déi esou eng Markéierung hunn. Fir de spezielle Marquage huet sech d’Ponts et Chaussées un engem éisträichesche Projet inspiréiert. Et ass eben eng Hëllef fir d’Motocyclisten, fir dat dës propper a sécher duerch eng Kéier fueren an net an de Géigeverkéier geroden. Analysen no, géifen nämlech tëscht 10 a 15 vun de Motocyclisten a Kéieren an de Géigeverkéier fueren.

Op der N25 tëscht Wolz an der Kautebaach gouf de Marquage zejoert am Juli gemaach. Dat well et op där Streck an der Vergaangenheet besonnesch bei optimale Fuerkonditiounen zu enger Rëtsch Accidenter koum. Nodeems de Marquage op der N25 gezeechent gouf, gouf d’Verhale vun de Motocyclisten an e puer Kéieren analyséiert. Dobäi hätt ee festgestallt, datt d’Fuerverhale sech verbessert hätt.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg

Ponts et Chaussées no, wier de Marquage besonnesch fir Leit aus dem Ausland an Touristen geduecht. Nieft dem Fuerverhalen, wëll een an Zukunft awer och d’Material vum Marquage, analyséieren. Am Kader vun Aarbechtsgruppen hätt een dann och mat Motorradsfuerer geschwat a positiv Echoen krut. Wei et vun der Lëtzebuerger Motor-Union heescht, hätt Ponts et Chaussées an d’Secherheet investéiert. Den neie Marquage géif vill bréngen a virun allem den Ufänger méi Sécherheet ginn. D'Lëtzebuerger Moto-Initiative huet allerdéngs Bedenken.

Op een deemnächst weider Stroossen speziell fir Motorrieder wäert markéieren, géif een an Zukunft kucken, esou nach d’Ponts et Chaussées.