D'Lëtzebuerger Regierung ass gewëllt, Investissementer a seng digital Infrastrukturen ze maachen, fir een Haaptacteur am Secteur ze ginn.

Ënnert anerem dës Elementer ginn aus der Äntwert vum Wirtschaftsministère an deem vum Transport op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Viviane Reding ervir. Déi hat sech och iwwer en Site informéiert, op deem Lëtzebuerg zesumme mat Däitschland a Frankräich, dat autonoomt Fueren teste wëll.

Eréischt den 3. Abrëll gouf dee Projet lancéiert, obwuel e schonn am September 2017 ënnerschriwwe gouf. Zu Schengen waren den Lëtzebuerger Transportminister François Bausch a seng däitsch a franséisch Homologen, wéi och den Lëtzebuerger Wirtschaftsminister Etienne Schneider a säin Homolog aus dem Saarland fir de Start zesumme komm. Déi éischt Projete fir dat autonoomt Fuere sollen an den nächsten zwee Joer ulafen.

An selbstverständlech wär de 5G-Reseau en wichtege Facteur fir d'Fueren ouni Chauffer. Ëmmerhi muss d'Gefier jo permanent connectéiert sinn, fir ze wësse wou et histeiert. Déi néideg Hardware fir de Reseau um Site soll am Kader vum Europäesche Recherche-Programm Horizont2020 installéiert ginn, heescht et an der Äntwert un d'Viviane Reding. Lëtzebuerger Acteuren, déi hei deelhuele géifen, wären ënnert anerem d'POST an SES Consult. Déi meescht Acteuren aus der Industrie an der Recherche bei dësem Projet wären europäesch. Wéi eng Technologien hei genee zum Asaz kéim, wär zu dësem Zäitpunkt awer nach net gewosst.

De Wirtschaftsministère an dee vum Transport präziséieren awer, dass d'Entwécklung vum 5G an och déi spezifesch Technologien op dëse Projet limitéiert wären. An deen hätt kee Lien mam technologesche Standard vum Lëtzebuerger Land.

Allerdéngs gëtt an dëser Äntwert och déi national Strategie fir d'Ausbreedung vum 5G ervirgehuewen. De 5G ass jo en Mobilfunknetz, dat däitlech méi performant ass wéi seng Virgänger. Méi Donnéeë kënne méi séier tëscht méi Apparater hin an hier geschéckt ginn.

Kritikpunkt ass virop d'Komplexitéit vum 5G, déi et net erlaabt, d'Software reegelméisseg an effikass ze kontrolléieren.

Nawell soll dëse séiere Reseau ënnert anerem op grousse Verkéiersachsen installéiert ginn. D'Regierung hätt och wëlles,e considerabelen Acteur an der Ekonomie vun den Donnéeën an der Mobilitéit ze ginn. E Marché, deem seng Recetten elo schonn op 82,9 Milliarden Dollar geschat ginn. An der däitscher Federatioun fir digital Wirtschaft no kéinten déi Recettë bis 2050 op gutt 4.500 Milliarden Dollar klammen. D'Lëtzebuerger Regierung ass also gewëllt, vill z'investéieren fir sech e Stéck vun deem Kuch net entgoen ze loossen.