D'Bréck op der Lëtzebuerger-däitscher Grenz ass vum 2. Juni u fir en Zäitraum vun 2 Wochen a béide Richtungen zou.

Zanter en Dënschdeg gëtt zu Waasserbëllegerbréck, also op der däitscher Säit vun der Sauer a Musel, d'B49 frësch gemaach. Déi Haaptstrooss also, déi Waasserbëlleg mat Tréier verbënnt, an eng vill-befuere Pendler-Strooss ass, mat bal 13.000 Autoen den Dag.

Wéinst deenen Aarbechten, déi ronn 2 Wochen sollen daueren, ass d'Grenzbréck zu Waasserbëlleg dann och komplett fir den Trafic gespaart. Just Foussgänger a Cyclisten kommen nach eriwwer.

Donieft mellt d'Gemeng Mäertert, dass vum 2. bis de 5. Juni an der "Rue du Parc" op Héicht vun der Schoul/Kulturzenter geschafft gëtt. Deviatioune si gezeechent.