Fir Volkswagen ass déi sougenannten Dieselgate Affär an den USA nach net eriwwer. D'Decisioun vun enger Cour d'appel kéint fir weider Geldstrofe suergen.

Obscho VW wéinst Dieselautoe mat manipuléierter Ofgastechnik fir d'Verstéiss géint de sougenannten "Clean Air Act", dem landeswäite Gesetz géint Loftverschmotzung, zu Rechenschaft gezu gouf, kënnen nach weider Sanktioune vu regionalen Autoritéiten op den Autoshiersteller duer kommen.

Zousätzlech Strofe vun zwee Bezierker aus de Bundesstaaten Florida a Utah goufe vun enger Cour d'appel als recevabel erkläert.

D'Riichter hunn erkläert, datt se sech bewosst wieren, datt hir Decisioun zu enorme Belaaschtunge féiere kéinten. VW huet an enger Reaktioun drop higewisen datt d'Geriicht an hirer Linn am Konflikt mat aneren US Jurisprudenze géif stoen. D'Entreprise huet ugekënnegt sech mat all hirer Energie ze verdeedegen an am Noutfall d'Affär bis op den ieweschte Geriichtshaff ze huelen.

VW hat am September 2015 Manipulatioune bei den Ofgaswäerter vun Dieselautoen zouginn. Bis ewell huet de Skandal de Konzern iwwer 30 Milliarden Euro kascht. Dovu war de Gros Strofen an Entschiedegungen an den USA.

Dem US Riichter Charles Breyer no kéinten d'Kloe vun de Bezierker a Florida a Utah sech potentiell bis zu 11,2 Milliarden Dollar pro Joer u Schuedenersatz belafen.