Vill Verspéidungen an der Automobilindustrie
An der Automobilsbranche kënnt et ëmmer méi zu Verspéidunge bei den Ausliwwerungen. Grond dofir si Problemer, déi bis zeréck op d'Produktioun ginn.
Wann een en neien Auto am Garage keeft, da kann dat e puer Woche bis zu 2-3 Méint daueren, bis ee säin Neiwon da kritt. An de leschte Méint scho koum et beim Kaf vun engem Neiwon zu liichte Retarden. A leschter Zäit géifen dës Verspéidungen awer däitlech zouhuelen. Am House of Automobile (HOA) schwätzt ee vun enger Verdueblung vun der Waardezäit. Et ass e reelle Problem, deen och an nächster Zäit net wäert geléist sinn, do ass de Gerry Wagner, Spriecher vum HOA, sech sécher.
Et ginn e puer Ursaache fir d'Verspéidung bei de Livraisounen. Duerch d'Pandemie ass e Groussdeel vun der Autosproduktioun erofgefuer ginn. Dono sinn d'Chippen, déi an den Autoe verbaut ginn, méi fir d'Ënnerhalungindustrie genotzt ginn. Sou dass et herno u Chippe gefeelt huet, wéi d'Automobilsproduktioun rëm eropgefuer gouf. Do kënnt nach dobäi, dass ugangs dës Joers eng Chip-Firma an Asien ofgebrannt ass, wat op en Neits zu engem Manktem un d'Chippe gefouert huet. Nieft de Problematiken an der Produktioun ginn et awer och eng Partie Komplikatiounen an der Liwwerketten.
Bei de Verspéidunge ginn et Ënnerscheeder vu Mark zu Mark. De Problem ass awer och ofhängeg vum Modell. Kloer soen, wat fir een Auto méi oder manner laang brauch vun der Produktioun bis bei de Client, kéint een net. Opgefall ass dem Gerry Wagner awer, dass eng Partie Autosproduzenten den Elektro- an Hybridautoen de Virrang ginn, well se déi wéilten ënnert d'Leit bréngen.
D'Verspéidung bei der Liwwerung vun Neiween huet och en Afloss op de Präis vum Auto. D'HOA erkläert, dass eng Partie Autosmarken manner Remisë beim Kaf vun engem Auto ginn. Dat well si wëssen, dass déi Autoen, déi nach do sinn, séier verkaf ginn. D'Problematik bei de Neiween huet awer och de Präis vun Occasiounsautoen an d'Luucht gedriwwen. Duerch déi laang Waardezäite géife nämlech méi Leit sech fir eng Occasioun entscheeden.
Wéini dës Problemer an der Autosindustrie behuewe sinn, kann een am House of Automobile net soen. Fir de Gerry Wagner ass awer kloer, dass dës Verspéidungen eis bis 2022 begleede wäerten, eng Léisung wier nach net fonnt.