D'Kanalstrooss gouf dem Mouvement Ecologique am Kader vun der Initiativ "veloskaart.lu" gemellt.

Si steet fir eng vu ville Probleemsplaze fir d'Vëlosfuerer hei am Land. Sënn an Zweck ass et déi politesch Responsabel vu Gemengen a Staat op déi eenzel Probleemer op de vereenzelte Vëlosweeër hei am Land opmierksam ze maachen.

Autoen, déi deelweis mussen iwwer de Vëloswee fueren, ze schmuel Passagen an déi mannste fuere mat 30 Stonnekilometer duerch d'Kanalstrooss. Dëst en Deel vu Probleemer, déi d'Vëlosfuerer zu dëser bestëmmter Strooss gemellt hunn.

Beschëlderung vu Vëlosweeër ass och wichteg. Si ginn dem Cyclisten de Wee vir an hëllefe bei Schantercher.

Lëtzebuerg huet - Stand Januar 22 - 630 Kilometer national Vëlosweeër. Geplangt sinn der 1.100. Tëscht August an Oktober d'lescht Joer hunn d'Cyclisten eng 1.500 problematesch Plazen op Vëlosweeër gemellt. Sou goufen och 339 Plaze gemellt, wou een als Vëlofuerer net méi weess, wou d'Pist weidergeet.

Um Internetsite veloskaart.lu kann ee sech e Bild vun de problematesche Vëlosweeër hei zu Lëtzebuerg maachen.