An den 1930er Jore konnt een zu Lëtzebuerg praktesch vun all Feld starten a landen. Den éischte richtege Flughafen entsteet 1936 zu Esch-Uelzecht.

Do, wou haut d’Kontrollstatioun ass. Et gouf eng permanent Pist, e Clubhaus, Hangaren an de Luxembourg Listener. Dëse Fliger huet fir den RTL-Radio d’Museksplacke vu London ageflunn.

Nom Zweete Weltkrich kënnt d’Zäit vum Findel a vun “Luxembourg Airlines Company”, déi 1948 gegrënnt gouf. D’Gesellschaft hat am Ufank just dräi Fligeren an ass domat op Zürech, Frankfurt a London geflunn. Déi Zäit goufen awer haaptsächlech Gidder transportéiert. 1961 gëtt d’Compagnie a Luxair ëmbenannt. Den éischte Linnevol war am Mäerz 1962 mat der Fokker F 27 Friendship op Paräis. Dass d’Land eng national Fluchgesellschaft kritt huet, war och politesch motivéiert. Déi Zäit huet sech nämlech decidéiert, wou déi haiteg EU-Instanze sollten hikommen. Op Lëtzebuerg, Bréissel oder Stroossbuerg. D'Haaptargument vun de Stied am Ausland géint Lëtzebuerg war ëmmer: wéi kënnt een iwwerhaapt dohin an och rëm fort. Den deemolegen Transportminister hat dunn d’Iddi vun der eegener nationaler Fluch-Gesellschaft.

Am Reportage weise mir wéi d’Fluchgesellschaft an de Fluchhafen sech an de leschte Joerzéngten entwéckelt hunn.

Relativ am Ufank baut d’Gesellschaft och d’Vakanzegeschäft op. 1965 bréngt den éischten direkte Vol 66 Leit op Palma. Mat ëmmer rëm neie méi séieren a gläichzäiteg spuersame Fligere konnt LuxairTours hir Vakanzen-Offer ausbauen, woufir de Findel 1975 eng nei méi grouss Aérogare krut. An déi hat réischt virun 14 Joer aus gedéngt. A geschwë wäert och a e puer Joer den Tram bis op de Fluchhafe fueren. A vläicht hu si dann och eng Iddi, wat si mat der eideler ënnerierdescher Zuchgare maachen.

De Findel 1945: D’Grand-Duchesse Charlotte kënnt heem a lant op enger Pist aus Wiss. Haut hu mer eng vun de längsten an Europa. Véier Kilometer. Do ka bal alles landen.

1985 war den Iwwerschall-Fliger Concorde fir e PR-Optrëtt komm. Dee Fliger war sou séier, datt wann ee Mëttes zu Paräis fortgeflunn ass, war ee wéinst der Vitess an der Zäitëmstellung de selwechten Dag Moies zu New York. Fir de Start huet d’Concorde bal déi ganz Pist gebraucht. Dass d’Pist sou laang ass, läit un der NATO. De Findel ass ee vun e puer europäeschen NATO-Fluchhäfen.

D’Trainingsflich vun den Awacs-Opklärungsfligeren erënneren ee reegelméisseg do drun. Am Fall vun enger schwéierer Kris muss d’Land dem internationale Bündnis awer och de Flughafen zur Verfügung stellen. Profitéiert duerfir awer och vun enger europawäiter NATO-Kerosin-Pipeline. De Sprit kënnt also ënnerierdesch op de Findel a muss just vu Camione bei de Fliger bruecht ginn.

Vun der laanger Piste profitéiert awer och d’Cargolux. Si kann dowéinst voll getankt a voll beluede starten. E groussen ekonomesche Virdeel. A LuxairCARGO ass, wat de Volume betrëfft, weiderhin op Top 10 vun de gréisste Frachtzenteren an Europa.

De Findel. Dat ass awer och Kaméidi. Mam Dauerthema Nuetsvollen. Zanter dem Fréijoer d’lescht Joer ass nuets um Findel aus engem anere Grond eng méi lass. Zanterhier schaffe si iwwert d’Nuecht un der neier Pist, déi en neie Belag kritt. Lux-Airport no soll de Chantier am Hierscht dëst Joer fäerdeg sinn, dass een och an Zukunft vum Findel aus an d’Welt fléie kann.