E Samschdeg war Weltgedenkdag fir Stroossenaffer. Dofir gouf zu Jonglënster beim Monument un déi erënnert, déi duerch en Accident net méi bei eis sinn.

Zanter mëttlerweil sechs Joer erënnert d'Monument zu Jonglënster un d'Verkéiersaffer a soll engem virun Ae féieren, wéi séier e Mënscheliewen ausgeläscht oder vun enger Sekonn op déi aner verännert ka ginn.

D'Vitess an den Alkohol bleiwe weiderhin d'Haaptursaache fir schro Verkéiersaccidenter, wéi de Mobilitéitsminister François Bausch bei der Gedenkzeremonie betount huet. No engem schwaarze Joer 2018 mat 36 Verkéiersaffer goungen d'Zuelen an de Joren drop erof. D'lescht Joer hu 24 Mënschen hiert Liewen an engem Accident hei zu Lëtzebuerg verluer. 267 Leit goufe schro blesséiert. Der Weltgesondheetsorganisatioun no stierwen all Joer weltwäit 1,24 Millioune Mënschen duerch en Accident. Op ville Plazen am Land gëtt ee mat Kräizer oder Blummen un déi schro Accidenter erënnert - Temoignage vu Schicksalsschléi.

Wärend der Zeremonie zu Jonglënster huet de Minister Bausch dann och matgedeelt, datt vum 1. Dezember un déi 3 Radaren zu Hollerech a Betrib geholl ginn. Si kontrolléieren d'Vitess a blëtzen, wann ee bei rout duerchfiert.