Am Kader vum Chantier, deen den Tunnel Micheville mat der A4 verbanne soll, gëtt den Tunnel a béid Richtunge gespaart.

Dat vum Samschdeg, dem 18. Mäerz ëm 20 Auer un, bis de Méindeg, 29. Mee ëm 23 Auer. Den Tunnel wäert souwuel a Richtung Audun-le-Tiche (F), wéi och a Richtung Stad net accessibel sinn, mellt d'Administration des ponts et chaussées.

Den Trafic fir an d'Stad gëtt iwwer d'Route de Belval (CR168) am iwwert de Boulevard du Jazz (CR191) ëmgeleet. A Richtung Audun-le-Tiche geet et iwwert de Boulevard des Lumières (CR191B) an d'Route de Belval (CR168).
 
Vum 29. Mee un ass et da méiglech, déi nei Strooss bis op d'A4 ze fueren. Dat an enger éischter Zäit awer just op enger Spuer.

RTL