Eng Extensioun geet emol vun der Stater Gare op Hollerech. Den Tracé huet 1,1 Kilometer an et kommen zwéin Arrêten dohinner.

Honnertdausende Leit kommen all Dag an d’Stad schaffen. Bis 2035 erwaart sech den Transportministère, datt dëse Chiffer weider eropgeet an deementspriechend och den Trafic. Ma och d’Beweegungen ënnerhalb der Stad Lëtzebuerg sollen eropgoen, dëst duerch de Bau vun neie Quartieren. Fir de Plus u Verkéier an Zukunft och an de Grëff ze kréien, soll den ëffentlechen Transport weider ausgebaut ginn. Virun dësem Hannergrond goufen am Regierungsrot nei Extensioune vum Tramsreseau gestëmmt. Dat betrëfft den Tracé Rout Bréck bis Luxexpo iwwer de Boulevard Konrad Adenauer an och d’Streck tëscht der Gare an Hollerech.

RTL

Engersäits soll d'Schinnennetz vun der Rouder Bréck a Richtung Luxexpo weider ausgebaut ginn, dëst iwwer de Boulevard Konrad Adenauer. D’Europäesch Institutiounen, déi sech an Zukunft weider vergréissere wäerten, hunn dann och een direkten Accès op den Tram. Och déi zukünfteg Wunnquartiere Laangfur a Kuebebierg sollen un den Tramsreseau ugebonne ginn. Den Transportminister François Bausch:

„De Laangfur an de Kuebebierg, dat sinn enorm Entwécklungsgebidder an der Stad. De Kuebebierg huet de Staat iwwer de Fonds Kirchberg, dat ass en neie Quartier, dee wäert entstoen an dann de Laangfur, dat ass gréisstendeels privat awer och net ze iwwerschätzen. Do kënnt och nach ee Lycée uewe bei RTL, dat ass jo een, dee mer deplacéiere vum Lampertsbierg op de Kierchbierg.“

RTL

Anerersäits soll och Hollerech un den Tramsreseau ugebonne ginn. Och hei sollen nei Wunnquartiere bäikommen, wéi de Quartier Nei Hollerech.

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

„Dat sinn déi fréier Terrainen, déi mer genannt hunn Paul Wurth an Heinz van Landewyck, dat ass awer en zesummenhänkende grousse Projet, wou och do tëscht 5.000 a 6.000 Leit wäerte wunne kommen. Et ass also essentiel, dass mer do och eng Verbindung mam Tram wäerten hunn.“

An engem weidere Schrëtt soll dann och de Quartier Porte de Hollerich, dee gréisstendeels an ëffentlecher Hand wäert sinn, bäikommen. Op deenen zwee genannte Plazen kënnen ëm déi 10.500 Leit wunnen.

RTL

D’Aarbechten um Kierchbierg solle vun 2025 bis 2027 goen, déi zu Hollerech vu 2026 bis 2028. Am grousse Ganze wäert de Projet ëm déi 135 Milliounen Euro ouni TVA kaschten.

RTL

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Extension de la ligne de tramway au Kirchberg et vers Hollerich : Présentation du projet de financement

En date du 10 mars 2023, le Vice-Premier ministre, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, François Bausch, le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer et les responsables de Luxtram ont présenté le projet d’extension de la ligne de tramway au Kirchberg et vers le quartier de Hollerich ainsi que leurs financements respectifs.

Prolongement depuis la Gare centrale vers le quartier de Hollerich

L’extension de la ligne de tramway a pour vocation de desservir le futur quartier « Nei Hollerich » ainsi que son pôle d’échange. Le tracé en voie double d’une longueur de 1,1 km, comprend 2 nouvelles stations, la plateforme même du tram, les stations et l’ensemble des systèmes et équipements tramway dont l’alimentation aérienne de contact (LAC). Le coût relatif à cette extension s’élève à 29.000.000 € HTVA.

Prolongement vers le quartier « Laangfur » au Kirchberg

Le tracé en voie double d’une longueur de 2,3 km comprend 3 nouvelles stations et se débranche de la ligne 1 au niveau du pôle d’échange Pfaffenthal/Kirchberg pour rejoindre le futur quartier mixte « Laangfur ». L’insertion du tramway sur ce tronçon s’accompagne du réaménagement complet de l’espace public de façades à façades. Le coût relatif à ce prolongement est estimé à 106.000.000 € HTVA.
Ces projets s’inscrivent dans le Plan national de mobilité 2035 et le développement urbain de la Ville de Luxembourg.
Conjointement avec Luxtram, le groupement de maîtrise d’œuvre ETRAM, ayant réalisé la première ligne, a développé ces projets. La conception et la réalisation sont menées en étroite coordination avec l’Administration des ponts et chaussées qui assure la maîtrise d’ouvrage des projets routiers attenants, la Ville de Luxembourg, le Fonds d’urbanisation du Kirchberg et le GIE Hollerich.

Financement

Ces projets, d’une valeur totale de 135.000.000 € HTVA, feront l’objet de deux procédures distinctes, l’une législative avec un dépôt d’un projet de loi de financement à hauteur de 90.000.000 € HTVA et l’autre d’une procédure communale d’un montant de 45.000.000 € HTVA.