Sportlech Traditioun virun de FeierdeegWiener Studente gewannen den "Tournoi de Noël" 2025

Yannick Gross
Wärend de Cercle vu Köln sech iwwer d'Victoire am Volleyball gefreet huet, konnte sech déi Wiener Studenten am Basketball an am Futtball duerchsetzen.
Tournoi de Noël 2025
All Joers moosse sech kuerz virun de Feierdeeg d’Cerclë vu Lëtzebuerger Studenten am Volleyball, Basket a Futtball.

E Méindeg an en Dënschdeg war an de Sportshalen um Geesseknäppchen eng méi lass. Kuerz viru Chrëschtdag huet d’ACEL an Zesummenaarbecht mat der LASEL op en Neits den Tournoi de Noël organiséiert. Dobäi si Lëtzebuerger Studenten aus ganz Europa mat hire Cerclen an dräi Sportaarte géinteneen ugetrueden. D’Stëmmung war gutt an de verschiddenen Sportshale béi dëser 2025er Editioun vum Turnéier, bei deem dräi Sportaarten am Vierdergrond stoungen, sou de Mattis Noel, Vize-President vun der ACEL.

“Et geet einfach drëms, de Membercerclen eng Méiglechkeet ze ginn, sech géinteneen ze moossen, notamment am Fussball, Volleyball a Basket.”

23 Cerclen haten am Fussball matgemaach, 22 waren et der am Volleyball an 12 am Basket, an déi koumen aus allen Ecke vun Europa, mat vill Support am Gepäck.

“D’ACEL huet Cerclen a ganz Europa verstreet, an Däitschland, Éisträich a souguer an Holland. Déi kënne sech hei umellen an dann eben an de verschiddene Sportaarte géinteneen untrieden. Do hu mir eng plus ou moins 1.000 Leit déi all Joers kommen, d’Hale sinn ëmmer gefëllt. Si kommen alleguer hier Cerclen supporten, hir Faarwe bekennen. Et ass einfach eng ganz gutt Ambiance“, sou de Mattis Noel.

Mee net nëmmen déi gutt Ambiance op den Tribüne steet béi dësem Tournoi am Vierdergrond, mee och datt d’Studenten hei ee Moment hunn, wou si sech onofhängeg vun der Plaz wou si studéieren, kënnen erëmgesinn an dann och nach kompetitiv géinteneen untriede kënnen.

“D’Iddi war hannendrun, de Cerclen een Evenement ze bidden, wou se sech kënne moossen, eben elo am Sport, an fir eng gutt Stëmmung ze hu ronderëm d’Chrëschtdeeg. Alleguer d’Lëtzebuerger Studente sinn duerch Europa verstreet a fir Chrëschtdag komme si zeréck op Lëtzebuerg. Et ass einfach immens flott, sech mat enger gudder Ambiance hei um Tournoi de Noël ze treffen, Kolleegen erëmzegesinn an deen een oder aneren Patt ze drénken.“

De Gregory Sprenger vum Innsbrucker Cercle LSI sot: “Gewannen ass ëmmer wichteg am Sport, mee ech fannen awer och, datt Kontakter wichteg sinn. Et ass ëmmer flott Leit vum Lycée ze gesinn, vill vun eis waren och um Geesseknäppchen. Et ass flott, vun der Uni zeréck an de Lycée ze kommen.“

An och ee Stëmmungspräis gouf an d’Liewe geruff, dowéinst gi sech d’Supporter niewent dem Terrain och mindestens genee sou gutt dru wéi d’Studenten um Terrain selwer.

“Do këmmere sech eis Leit ëmmer ganz speziell drëms. Da ginn d’Trommele matgeholl, d’Trompette rausgeholl an den Orchester ass och ëmmer do. Et ass einfach genial, hei eng Kéier ze spillen“, sou de Gregory Sprenger weider.

A genau déi Stëmmung op den Tribünen an de Sport zesumme mat, a géint Lëtzebuerger Studenten aus ganz Europa, si Grënn, firwat dësen Tournoi all Joer e feste Bestanddeel um Kalenner vun der ACEL ass.

D’Gewënner vun 2025:

Volleyball:
1. LSC (Köln)
2. AVL (Oochen)
3. CELB (Bréissel)

Basketball:
1. LSW (Wien)
2. LSC (Köln)
3. (LSI (Innsbruck)

Futtball:
1. LSW (Wien)
2. CELB (Bréissel)
3. SLUF (Freiburg)

Schlussklassement no den dräi Kompetitiounen, an domat Gewënner vum Challenge Jean Schmit:
1. LSW (Wien)
2. CELB (Bréissel)
3. LSC (Köln)

Back to Top
CIM LOGO