EU-Accord fir eenheetlechen Ausbau vu Luedborne fir E-Gefierer

Bis 2026 soll op den zentrale Verkéiersachse vun der EU (TEN-T), op d'mannst all 60 Kilometer eng Méiglechkeet fir ze luede bestoen.
Dorobber hu sech Vertrieder vum EU-Parlament an de Memberstaaten an der Nuecht op en Dënschdeg gëeenegt.
Luedborne fir Camione solle bis 2028 all 120 Kilometer laanscht TEN-T-Stroossen entstoen, also den Haaptverkéiersachsen an Europa.
Ausserdeem soll et bis 2031 op d'mannst all 200 Kilometer Waasserstofftankstelle ginn. Ausnamereegele si fir ofgeleeë Regiounen, Inselen a Stroosse mat wéineg Verkéier virgesinn.
Doriwwer eraus sinn d'Memberstaaten dozou ugehalen, d'Lued-Infrastruktur fir Autoen am selwechten Tempo ze schafen, wéi d'Zuel vun de Gefierer wiisst, erkläert d'EU-Kommissioun.
Och d'Bezuelung, souwéi d'Informatiounen iwwert de Präis an d'Leeschtung vun de Luedborne soll eenheetlech gereegelt ginn. De Präis soll op de Bornen a Kilowattstonnen affichéiert sinn an et muss ee kënne mat der Kreditkaart bezuelen.