Eng Partie Luxair-Flich um Findel annuléiert

© RTL Archiv
E Sonndeg de Moien huet d'Fluchgesellschaft annoncéiert, datt d'Flich a Richtung Porto, Barcelona, Madrid a Lissabon gestrach géinge ginn.
Donieft koum et och um Samschdeg schonn zu Annulatiounen a Verspéidunge bei Luxair-Flich. Wéi mir vun engem Passagéier gemellt kruten, hätt d'Fluchgesellschaft e Sonndeg de Moien "keng Erklärung" zu den Annulatiounen ofginn. Et hätt een de Passagéier awer eng Ëmbuchung fir e Fluch an zwee Deeg ugebueden.

D'Annulatiounen um Sonndeg / © Screenshot Luxairport
Och e Samschdeg war e Luxair-Fluch a Richtung Ibiza annuléiert ginn. No grousser Verspéidung konnten d'Passagéier dunn awer mat enger "däitscher" Fluchgesellschaft fléien, wéi eng betraffe Fra, déi eis kontaktéiert huet, erkläert. "Mir waren 30 Minutte vun Ibiza ewech, wéi mir matgedeelt kruten, datt mir zréckfléie géingen."
Deemno goufe bannent manner ewéi 48 Stonnen op d'mannst 5 Flich annuléiert, obwuel d'Péngschtvakanz eréischt ugefaangen huet. Eng Rëtsch weider Flich hate Verspéidungen.
Géint 13.20 Auer e Sonndeg huet Luxair sech bei de Passagéier entschëllegt an erkläert, datt eng Rei Flich wéinst engem mechanesche Problem un enger Maschinn hu misste gestrach ginn. "Eng Boeing 737-800 vun der Luxair hat en technesche Problem an d'Ersatzstécker mussen aus den USA kommen, wat zu engem grousse Retard féiert."
Donieft hätt och e Fliger, dee vun German Airways ausgeléint gëtt, Problemer a wier der Luxair no "net ze gebrauchen". "Dat ganzt Luxair-Team mécht hiert Bescht, fir d'Auswierkungen op d'Passagéier esou geréng wéi méiglech ze halen", esou d'Fluchgesellschaft an hirem Communiqué.
Schonn e Samschdeg hat RTL Infos e Reportage mat enger exklusiver Ausso vun engem Pilot, datt et am Summer méi dacks zu Annulatiounen oder Verspéidunge kéint kommen.