Um Belval huet den Auto aktuell 10 mol méi Plaz wéi den ëffentlechen Transport.

De Belval soll méi gréng ginn a méi Plaz fir Foussgänger, ëffentlechen Transport a Vëlo bidden. Déi zoustänneg Ministeren a Buergermeeschter hunn um Donneschdeg zesumme mam Urbanismusbüro Agora dat neit Mobilitéitskonzept fir de Quartier presentéiert.

Op Esch-Belval huet den Auto aktuell 10 mol méi Plaz wéi den ëffentlechen Transport. Bis 2035 awer soll dee Ratio 1:1 sinn, mat enger Tram-, Bus- a Vëlosweeverbindung op Esch an op Suessem. Dës Ëmgestaltung bréngt natierlech gréisser Aarbechte mat sech, déi Etapp fir Etapp organiséiert ginn, erkläert den Alexandre Londot, operationellen Direkter vun Agora.

"Déjà aujourd'hui on va inaugurer donc la pop-up bike lane, donc il y a une piste cyclable provisoire sécurisée, qui va permettre de faire la jonction entre le véloducte et le chemin le long de la Waassertrap et puis après on va progressivement faire les travaux d'abord pour le CHNS en 2028 et puis le tram pour 2035."

Mat CHNS si séier Busspuere gemengt. Nieft den Infrastrukture fir Bus, Vëlo, Foussgänger an Tram sollen och méi Beem geplanzt ginn a Gréngflächen entstoen. Wéi vill méi gouf um Donneschdeg net chiffréiert, et géifen och zum Deel Contrainte ginn duerch Verschmotzung um alen Industriesite. Et erwaart ee sech duerch dat neit Mobilitéitskonzept och eng besser Loftqualitéit, sou déi gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

"Dat hu mer och an der Stad gesinn, duerch d'Aféierung vum Tram an der Avenue de la Gare koum et do zu engem Moment, wou mer wierklech an der Infraktioun waren, Europa wäit, wou d'Kommissioun eis am Genéck souz, dass mer onbedéngt missten eppes maachen, tatsächlech an eng Situatioun, wou mer elo wierklech eng ganz, eng komplett verbessert Loftqualitéitssituatioun och hunn."

Den Auto soll net ganz verschwannen, et sinn dofir och Carsharing a Luetstatioune fir Elektroautoen um Belval geplangt.