Esou datt tëscht Enn September zejoert an ugangs Oktober 2023, wat automatesch Radaren ugeet, keng Informatioune méi tëscht dem System vun den Avertissements taxés an dem System vum Punkteführerschäi gefloss sinn.
Chauffeuren, déi geblëtzt goufen, well se duerch Rout gefuer sinn oder ze séier ënnerwee waren an en Avertissement taxé vun 145€ bezuelt hunn, kruten deemno keng Punkten um Führerschäin ofgezunn. Opgefall ass de Problem no gutt engem Joer och just, well sech ugangs Oktober eng betraffe Persoun gemellt hat, déi hiren Avertissement taxé bezuelt hat a verwonnert war, datt si keng Punkte verluer huet.
Am Ganze wieren 10.998 Fäll wäre betraff, seet de Patrick Houtsch, Direkter vum Centre des Technologies de l’Information de l‘État. Deem Service, bei deem de Feeler geschitt ass. E mënschleche Feeler, keen techneschen. No der Ännerung un der Applikatioun vun den Avertissements taxés gouf nämlech getest, ob alles funktionéiert. Hat et och. Fir den Test selwer huet awer missen eng zousätzlech Ännerung virgeholl ginn, déi duerno vergiess gouf, réckgängeg ze maachen. Esou datt de System net méi mat deem vum Punkteführerschäin kommunikéiert huet. All déi automatesch Radaren am Land, fixer wéi mobiller, wären heivunner betraff gewiescht.
De Problem gouf esoubal detektéiert, och nees behuewen.
De Kommunikatiounsfloss fir aner Protokoller, wéinst Handy oder Alkohol hannert dem Steier beispillsweis, huet weider mam Punkteführerschäin-System funktionéiert.
Ginn nodréiglech nach Punkten ofgezunn?
Aus dem Mobilitéitsministere heescht et, datt just bei deenen Dossieren, déi nom 22. September 2023 bei der Police ofgeschloss goufen, Punkten ofgezu wäerte ginn. Dës géifen nach an déi legal Delaie falen. Déi Chauffeuren, déi sech also rezent Zäit gelooss hunn, fir hiren Avertissement taxé vun 145€ ze bezuelen, dierfte sech deemno bei der eegener Nues huelen.
All déi aner hate Chance a behalen hir Punkten.