An Däitschland hëlt d'Aggressivitéit am Stroosseverkéier zou

© AFP
Dat op alle Fall mengen d'Automobilisten an Automobilistinne selwer. D'Ëmfro gouf vun der "Unfallforschung der Versicherer" an Optrag ginn.
Ronn d'Hallschent vun de Befrote hunn uginn, datt si sech geleeëntlech direkt ofreagéieren, wann hinnen am Stroosseverkéier eppes net passt. 2016 soten dat knapp ee Véierel vun de Befroten.
Geet een een e bëssen an d'Detailer vun der Ëmfro esou kënnt dobäi eraus, datt ronn 20 Prozent vun de Befroten op d'mannst eng Kéier schonn engem geblénkt hunn, fir méi séier op der Iwwerhuelspuer op der Autobunn weiderzekommen. 31 Prozent hunn uginn, datt si och emol beschleunegen, wann een aneren Automobilist probéiert, si ze iwwerhuelen.
Grad esou Resultater suerge bei de Versécherer fir Ierger: "Aus Roserei oder zum eegene Virdeel Blessuren oder esouguer den Doud a Kaf huelen, datt ass komplett inakzeptabel", esou e Vertrieder vun der UDV. Si fuerderen elo, datt déi Responsabel un Hand vun dëse Resultater elo kucke mussen, wéi een d'Situatioun verbessere kann.
Der Etüd no erkennen déi meescht Persounen, déi am Stroosseverkéier ënnerwee sinn, zwar "Aggressiounen" als e Problem un, d'Majoritéit dovunner gesinn awer net, datt och si en Deel vum Problem sinn. Si erkennen zwar, wat aner Persoune maachen, net awer, wéi och si reagéieren. Als Beispill dofir hëlt d'UDV d'Situatioun vum Iwwerhuele vun engem Cyclist: 96 Prozent vun de befroten Däitsche ginn un, datt si e Vëlo mat genuch Distanz iwwerhuelen, gesinn awer eegenen Aschätzungen no, datt 93 Prozent vun den aneren Automobilisten dat net maachen.
Trotz dësen Äntwerte ville sech awer 56 Prozent vun de Befrote sécher, wa si op den däitsche Stroossen ënnerwee sinn. Dat ass eng liicht Hausse vun engem Prozentpunkt par Rapport zu der Ëmfro 2019. Hei gesäit een awer och e klengen Ënnerscheet, well Frae (49%) ville sech däitlech manner sécher, wéi Männer (64%).
D'Leit goufen dann och dozou gefrot, wat si géifen als Verbesserungsvirschléi hunn, fir d'Sécherheet op den däitsche Stroosse op e méi héijen Niveau ze kréien. 56 Prozent hunn uginn, datt si fir eng "Null-Promill-Grenz" sinn, datt een also guer keen Alkohol méi dierf drénken, wann een Auto fiert. 66 Prozent waren der Meenung, datt een all 15 Joer misst seng Aen teste loossen an 53 Prozent ware fir en Tempolimitt 130 op den däitschen Autobunnen.
Wéi gesitt Dir d'Situatioun zu Lëtzebuerg?
Mat dëser Ëmfro gesi mer, wéi d'Situatioun an Däitschland ass. Mä vun eise User wëlle mer och wëssen, wéi si d'Situatioun hei am Land gesinn?