Opgepasst ronderëm WolzÉischt Pilger maache sech schonn e Mëttwoch op de Wee bei d'Fatima

RTL Lëtzebuerg
Fir Christi Himmelfaart pilgeren en Donneschdeg nees traditionell vill Leit op Wolz bei d'Statu vun der helleger Fatima.
Pilger um Wee op Wolz bei d'Fatima-Statu am Mee 2023.
© Domingos Oliveira

Obwuel de Feierdag eréischt en Donneschdeg ass, gëtt awer scho vun e Mëttwoch am Nomëtteg u mat den éischte Pilger gerechent. Et soll een dowéinst och mam Auto oppassen, wann een a Richtung Wolz ënnerwee ass. D'Police gëtt an deem Kontext dann och eng Rei Consignen eraus, un déi d'Leit gebiede sinn, sech ze halen.

Virop ass et de Rappell, dass dat wëllt Campéieren - notamment laanscht d'Stroosse - verbueden ass. Falls néideg, wäert d'Police d'Leit op déi offiziell Campingen guidéieren. Wien nieft der Strooss campéiert, géing sech donieft enger onnéideger Gefor aussetzen. Verbueden ass dann och d'Grillen an der Natur.

Weiderhin erënnert d'Police drun, dass d'Pilger sech un d'Reegelen, wat de Schutz vun der Ëmwelt an d'Entsuerge vun den Offäll ugeet, mussen halen. Ausserdeem sinn d'Parkverbueter an déi gespaarte Stroossen ze respektéieren.

Wéinst de ville Leit ass en Donneschdeg de 14. Mee tëscht 9 an 20 Auer mat Perturbatiounen am Trafic ze rechnen. Hei en Iwwerbléck iwwer déi gespaarte Stroossen, Fuerverbueter an doriwwer, wou een net parken dierf.

Stroossespären:

Campingstrooss (deelweis), Rue Charles Lambert, Rue du Dix Septembre (deelweis), Rue Geetz, Beim Hundsburn, Rue du Pont (deelweis), Bäim Reenert, Rue Michel Rodange, Rue des Sports (deelweis), Place des Tilleuls

Fuerverbuet (ausser Residenten, Vëloen a Busser):

Rue Aneschbach, op Bäessent, am Bongert, Campingstrooss (deelweis), Avenue de la Gare, op der Hiel, An der Kaul, Bäim Kaulebeerig, Rue du Moulin à vent, Route de Noertrange, Rue du Pont (deelweis), Rue des Prés, Rue Léopold Richard, Rue du Dix Septembre (deelweis), Fabrikswee, Rue Joseph Simon, Rue des Sports (deelweis), Rue des Tanneurs, Rue Michel Thilges (deelweis), Rue des Tisserands

Strikt Parkverbuet:

Op Bäessent, Campingstrooss (deelweis), Rue Charles Lambert, Rue de la Chapelle, Rue du Dix Septembre (deelweis), Rue Geetz, Beim Hundsburn, Route de Noertrange, Rue du Pont, Bäim Reenert, Rue Michel Rodange, Rue Joseph Simon, Place des Tilleuls, Avenue du 31 août 1942, Route de Winseler, Rue du Village.

D'Stroossespären a Fuer- a Parkverbueter wärend der Wallfaart bei d'Fatima 2026
D'Stroossespären a Fuer- a Parkverbueter wärend der Wallfaart bei d'Fatima 2026
© Gemeng Wolz

Ëffentlechen Transport:

Am beschte kéim een en Donneschdeg natierlech mam Bus a mam Zuch op Wolz. Visiteuren, déi mam Auto kommen, gëtt recommandéiert, hir Autoen op de ronn 900 ausgeschëlderte P+R-Parkplazen ze parken an de Shuttlebus ze benotzten. Dëse fiert vun 10 bis 14 Auer a vu 17 bis 21 Auer am 15-Minutten-Takt. D'Arrête sinn: Gare, Lann Quai 2, Lycée du Nord, Huuschtewee Parking, Clinique, Schlass, Kautebacherstrooss, Steekämmchen, Am Pëtz, Post. D'Zich fueren all 30 Minutten tëscht Kautebaach a Wolz.

D'Bus-Linn 142 fält iwwerdeem de ganzen Dag aus. D'Linnen 143, 144 an 160 fuere just bis bei den Arrêt Weidingen - Steekämmchen. Och vun hei aus kann een de Shuttle huelen.

De Plang vun der Navette wärend der Wallfaart bei d'Fatima 2026
De Plang vun der Navette wärend der Wallfaart bei d'Fatima 2026
© Gemeng Wolz

Camping:

Wéi all Joer ass et verbueden, an der Natur ze campen an ze grillen. Fir déi, déi awer net dorop verzichte wëllen, bidden d'Wëlzer Scouten eng Alternativ mat Campingplazen um Scouts-Camping "Toutschenmühle" zu Wegdichen. Hei géing den Zuch deen Dag dann och um Arrêt "Paradiso" stoe bleiwen.

D'Gemeng Wolz biet d'Leit iwwerdeem och, d'Natur propper ze halen an hiren Dreck a Poubellen ze geheien.

D'Informatioune vun der Police

Back to Top
CIM LOGO