Am Mee goung d'Liaison Micheville fir den Trafic op an zu Dippech Gare hunn am Februar d'Aarbechte fir den neie Contournement ugefaangen.

Bei den CFL hate se déi lescht 12 Méint Misär mat den Tunnellen am Éislek. A beim Tram ginn d'Aarbechte Richtung Cloche d'Or a Findel gutt virun. Sou gouf Enn Abrëll, Ugangs Mee d'Bréck iwwer d'Tréierer Autobunn installéiert.