Zanter 20 Joer gëtt et den Autosmusée zu Dikrech.

1871 huet hei de Jean Wagner mat senger Garage ugefaangen. Hien war deen éischten dee Benz-Autoen zu Lëtzebuerg verkafe konnt. Mëttlerweil ginn an dësem Musée reegelméisseg Expositioune vun Autoen organiséiert. Ëmmer ausgestallt ass den Auto vun der Grande-Duchesse Charlotte, mat där Si an den Exil geflücht ass.

De Musée ass all Dag ausser méindes fir de Public op.