Wärend déi nächst Arrêten de 7. Juli bäikommen, wäert den Tram Ufank 2025 bis op de Findel fueren.

Den Ament ass et mam ëffentlechen Transport net méiglech, zwou Stonnen éischter um Flughafen ze sinn, wann een e Fluch géint 6 Auer moies wëll huelen. Dat soll sech änneren, wann den Tram bis op de Findel fiert. "Selbstverständlech" géingen d'Auerzäiten ugepasst ginn, esou den André Von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram op RTL-Nofro.

Vum nächste Joer u soll den Tram d'Haaptstad mam Flughafe verbannen. Déi nächst Arrêten, déi a Betrib geholl ginn, sinn d'Gare um Houwald an de Stadion. Vum 7. Juli u sollen d'Leit hei den Tram kënnen huelen, dat war um Freideg op enger Pressekonferenz gewuer ze ginn.

Kloer Prioritéite fir den Ausbau vum Tram

Wat de weideren Ausbau vum Tram ugeet, esou läit d'Prioritéit ganz kloer bei den neie Stater Quartieren, sief et zu Zéisseng, Hollerech oder op der Areler Strooss. Eng Achs soll ebe Richtung Stroossen goen, eng aner queesch duerch d'Stad vu Süden no Norden an ëmgekéiert. Fir dës zwou Achse sollen d'Finanzéierungsgesetzer fréistens Enn dëst Joer, respektiv ëm Ufank 2026 deposéiert ginn.

Aktuell notzen eng 100.000 Leit all Dag den Tram, bis 2035 kéint sech dës Zuel verduebelen, mat den neie Linnen. Déi nei Ramme sollen och 10 Meter méi laang si wéi déi aktuell.

RTL

© Pierre Deleau / RTL

Keen Tram duerch d'Neipuertsgaass

Beim Ausbau vun de Linnen ass d'Neipuertsgaass mat engem Arrêt do, wou aktuell d'Busarrête virun der "Fondation Pescatore" sinn, net méi virgesinn. De Projet géing awer net am Tirang verschwannen, mä verbessert ginn fir de Fall, wou en an Zukunft gebraucht gëtt. Esou wéi de Plang et aktuell virgesäit, missten nämlech ganz al Beem ewechgeholl ginn. Den Ëmbau hätt domadder en ze vill groussen Impakt op de Stater Park, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer nach betount. Dat géing net a Fro kommen.

Ausbau vum Tram / Reportage Monica Camposeo

Wat déi konkret Pläng fir den Ausbau Richtung Süde vum Land ugeet, huet d'Ministesch de Vertrieder vun Esch, Suessem, Monnerech, Schëffleng a Leideleng verséchert, datt de séieren Tram vun 2028 un tëscht der Cloche d'Or a Leideleng, vun 2030 un bis Féiz, 2032 bis Metzeschmelz zu Esch a 2035 bis Belval géing fueren, wat eng 13 nei Tramstatioune géing bedeiten.

Um 19 Auer koum um Freideg dëst Schreiwes:

Deuxième comité politique du futur couloir multimodal et du tram rapide circulant entre la Cloche d’Or et Belval
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics
 
En date du 19 avril 2024, la ministre de la Mobilité et des Travaux publics, Yuriko Backes a confirmé aux responsables politiques de la ville d’Esch-sur-Alzette, ainsi que les communes de Sanem, Mondercange, Schifflange et Leudelange, la chronologie de cet ensemble de projets.
Le tram rapide circulera à partir de 2028 entre la Cloche d’Or et Leudelange, à partir de 2030 jusqu'à Foetz, en 2032 vers Metzeschmelz à Esch-sur-Alzette, et en 2035 jusqu'à Belval.

Le projet global comprend:

•    13 nouvelles stations de tram; 17,5 km de tracé dont 10 km entre les arrêts Leudelange et Foetz à vitesse > 70km/h ;
•    5 nouveaux pôles d'échanges ;
•    1 nouveau passage à gibier ;
•    20 projets routiers connexes : optimisation des autoroutes, troisième voie pour covoiturage et bus sur l’autoroute A4, adaptations des échangeurs autoroutiers,
•    apaisement de rues dans les localités adjacentes,
•    piste cyclable express et itinéraires cyclables connectant les localités à la piste cyclable express.

Les responsables politiques sont tombées d’accord d’instaurer un reporting stratégique portant sur le progrès du programme de construction ambitieux et permettant d’informer les responsables politiques sur l’avancement des études et des travaux, les points de vigilance et le planning.

La prochain comité politique du projet est prévu pour septembre 2024.

« Il m’importe de dire que je soutiens à 100% ce projet permettant de relier les centres économiques principales du pays. Avec la priorisation définie ensemble avec la ville de Luxembourg, notre capitale sera également prête à intégrer le tram rapide sur un nouvel axe longeant la route d’Esch pour accéder directement le centre-ville et le Kirchberg », a déclaré Yuriko Backes.