D'Passerelle des Arts ass e Freideg um Kierchbierg opgaangen
Déi Bréck verbënnt direkt hannert der Rouder Bréck d'Avenue John F. Kennedy mam Plateau vun den Dräi Eechelen.
Do, wou am Park eng Rei kulturell Institutioune sinn: De Musée d'art moderne, de Mudam an de Musée Dräi Eechelen.
D'Bréck féiert iwwer 87 Meter iwwer an duerch de Bësch. Drënner ass duerch joerzéngtelaang Aarbechten um Kierchbierg quasi e klengen Dall entstanen. D'Bréck ass bis zu maximal 12 Meter héich. Fir bei d'kulturell Institutiounen ze kommen, war net esou evident fir Foussgänger, Vëlosfuerer a Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
D'Passerelle des Arts huet 7 Milliounen Euro kascht. Maitre d'ouvrage waren de Fonds Kirchberg an d'Ponts et Chaussées. Realiséiert gouf se duerch d'Architekten an Ingenieure Marc Mimram, Fabeck a Greisch.
Kengem Skater wäert entgoen, datt Deeler vun der Bréck perfekt si fir Wall-Rides. "Et wäert ee gesinn, ewéi d'Populatioun sech den Ouvrage wäert uneegnen", esou den Direkter vum Fonds Kirchberg, de Marc Widong. Hien hofft, datt se mat Respekt behandelt gëtt, och vun de Skater.