En Donneschdeg war wéinst dem ville Reen en Hang am Agang vun Dikrech gerutscht. D'Strooss war bis e Samschdeg am spéiden Nomëtteg gespaart.

Wéi Ponts et chaussées e Méindeg de Moie matgedeelt hunn, wieren d'Stécker vum Hang an der Mauer, déi matgerappt gi war, e Samschdeg geraumt ginn. Zanter e Samschdeg am spéiden Nomëtteg wier d'Strooss tëscht Ierpeldeng an Dikrech dann och erëm fir de Verkéier op.

Wat war geschitt?

Duerch de ville Reen an deels och Knëppelsteng de leschten Donneschdeg, war am Agang vun Dikrech en Hang gerutscht. Op der ganzer Streck tëscht Ierpeldeng an Dikrech waren ëmmer nees Plazen, wou quasi kleng Baachen iwwert d'Strooss gelaf sinn.

Esou eng Baach hat sech dann och am Hang direkt am Agang vun Dikrech gebilt, duerch déi de Buedem noginn hat, an e ganzt Stéck vum Hang erofgerutscht war. Dobäi war net just eng Mauer mat ewech gerappt ginn, ma och e Verkéiersschëld.

Den Ament, wou mir op der Plaz waren, waren ëmmer nees Deeler vum Hang weider erofgerutscht a d'Gemengeservicer haten d'Strooss bis e Samschdeg komplett gespaart.