
Datt d’Uertschaft bei der Musel mat Duerchgangstrafic geplot ass, dorunner hu sech d’Awunner scho längst gewinnt. Méi problematesch ass d’Situatioun vum Transitverkéier. Vill Camionschauffere géife vun der Autobunn eroffueren, fir hei zu Waasserbëlleg den Tank ze fëllen.
D’Gemengeresponsabel vu Mäertert/Waasserbëlleg hunn dowéinst Suergen. Si fäerten, datt et fréier oder spéider kéint zu engem méi schroen Accident kommen an da géif d’Politik eréischt reagéieren, wann d’Kand bis am Pëtz leie géif.