Aarbechte vu Juli bis September a Beetebuerger Gare, respektiv op Zuchstrecken

© Pierre Weimerskirch / RTL
Den 30. Januar haten d'CFL eng Pressekonferenz organiséiert, fir do 2 méi grouss Chantieren am Zuchreseau z'annoncéieren.
Betraff sinn d'Zuchstrecke Stad - Esch - Rodange a Stad - Beetebuerg - Thionville.
D'Aarbechte ginn an 2 Phasen opgedeelt:
Vum 13. Juli bis 11. August ass d'Beetebuerger Gare zou a vum 12. August bis de 15. September ass dann den Zuchtrafic tëscht der Stad a Beetebuerg impaktéiert. A béide Fäll gëtt e Busservice ugebueden, fir deen een op sengem Wee 30 bis 45 Minutte méi laang brauch wéi gewinnt. Dëst sollt ee mat aplangen, wéi aus dem Schreiwes ervirgeet.
An der éischter Period vum Chantier ass d'Beetebuerger Gare zou, well weider un der Eisebunnsbréck geschafft gëtt. Deen Ament fuere keng Zich vun der Stater Gare op Esch, Diddenuewen oder och op Rëmeleng.
An der zweeter Schaffperiod ass et dann nach d'Streck tëscht der Stater Gare a Beetebuerg, déi mat Busse gefuer gëtt, wëll keng Zich op deem Trajet fueren.
Fir op d'Paräisser Olympesch Summerspiller ze fueren, hunn d'CFL iwwerdeem tëscht dem 28. Juli an dem 11. August en TGV-Zerwiss tëscht Paris-Est a Rodange organiséiert - vu Rodange aus fiert den TGV dann och op Montpellier.