De Staat gëtt méi spuersam mat de Primme fir d'Elektromobilitéit
Den Automobilsecteur weist sech gréisstendeels zefridde mat den Annoncen – och wa sou munch Decisioun e bësse streng ausgefall wier.
An Zukunft kritt ee maximal nach 6.000 Euro, bei 16 bis 18 Kilowatt bleiwen nach 3.000 Euro. Eng Obligatioun, den Auto nom Neikaf dräi Joer mussen ze halen an eng Primm fir d‘Occasiounsgefier sollen dann dofir suergen, datt den Elektro-Fuerpark och laangfristeg zu Lëtzebuerg bleift. Dat bleift nämlech e grousse Problem.
Esou muncher een, deen de Switch op Elektro nach wëll maachen, wäert sech ënner Drock gesat spieren. Vum 1. Oktober un ännert sech de Primme-Regime. Méi grouss a schwéier Elektrogefier ginn ofgestrooft. Dem Secteur no dierf awer besonnesch eng Kategorie u Keefer riskéieren, ofgeschreckt ze ginn. De Gerry Wagner vum House of Automobile:
"Wat e bësse méi Schued ass, ass wat Familljenautoen ubelaangt. Déi verbrauchen tendenziell einfach e bësse méi. Do wäerten elo ganz vill Autoen an d‘Kategorie vun den 3.000 Euro falen an net méi ewéi haut nach 8.000 Euro, oder an déi nei 6.000 Euro-Kategorie falen. Dat kann e bësse Schued fir déi Leit sinn, déi scho gäre géifen ëmsteigen, mee 3.000 Euro mécht dann nach nachhinein net genuch Ënnerscheed aus."
Besonnesch méi schwéier Elektro-Autoe fale vum 1. Oktober u komplett aus dem Primme-Regimm. Betraff sinn hei zum Beispill de BMW i4 oder de Polestar 3. Och eng Rëtsch gréisser SUVe rutschen eng Primm-Klass erof. Sou gëtt et fir e Mercedes EQB, oder en Audi Q4 e-tron an Zukunft just nach 3.000, aplaz virdrun nach 8000 Euro.
Besonnesch méi kleng Motorisatioune vu Marken ewéi Fiat, Hyundai oder Renault oder wäerten ab Enn vum Joer vun de Primme profitéieren. Alles ënner 16kWh per 100 Kilometer kritt mat 6.000 Euro ënnert d‘Ärem gegraff. De Gerry Wagner:
"Wann een d‘Statistike vum leschte Joer kuckt, wat punkto Autoen ugemellt ginn ass a wat déi verbrauchen, da kann een dëst Joer domat rechnen, datt 50 Prozent vun de Primmen op 6.000 Euro sinn, 50 Prozent op 3.000 Euro. Mee et wäert e ganz gudden Deel vun den Autoe guer keng Primm méi kréien.“
Fir d‘Occasiounsautoen och zu Lëtzebuerg ze behalen, gëtt probéiert mat enger Occasiounsprimm d‘Leit zum kafen ze motivéieren. Elektro-Occasioune sinn éischter eng Raritéit. Déi meescht ginn, dacks nom Leasing, direkt an d‘Ausland verkaf. Den Yves Binsfeld, Gerant vun Autosgaragen zu Schëffleng a Nidderkuer:
"Fir datt d‘Objektiv vum Staat, dat definéiert, datt 48 Prozent vum Fuerpark soll aus elektreschen Autoe bestoen, Realitéit gëtt, mussen d‘Autoen och zu Lëtzebuerg bleiwen.“
Op do 1.500 Euro awer duerginn, bléift ze gesinn. Eng kloer Konsequenz dovun, datt een den neien Auto och elo dräi Joer, amplaz vu just engem Joer muss halen, fir d‘Primm ze kréien, wäert och fir nei Leasing-Kontrakter suergen. De Gerry Wagner dozou nach emol:
"2-Joer-Leasingskontrakter wäerten éischter rar ginn. Wat doru läit, datt ee keng Primm méi kritt. Dat huet awer och als Konsequenz, datt d‘Autoe méi laang am Lëtzebuerger Fuerpark bleiwen."
Ob ee Joer oder dräi: fir de Privatclient wäert sech punkto Zäitpunkt, wéini en d‘Primm zeréckiwwerwise kritt, kaum eppes änneren.