Vu Juli u muss all neien Auto, deen an der EU verkaaft gëtt, mat diversen Assistenzsystemer ekipéiert sinn, déi fir méi Verkéierssécherheet suerge sollen.

Wa Garagisten en neien Auto ausliwweren, dann dauert dat hautzedaags e bësse méi laang. Eng vun de Lektiounen um Stonneplang: verstoe wéi déi sëllege Sécherheetssystemer funktionéieren a wéi ee se bedénge kann. Beispillsweis den “Intelligent Speed Assist”. D'Aufgab vum “ISA” ass séier ëmschriwwen: wann de Chauffer ze séier fiert, deen esou laang nerven, bis e sech vum selwen un d'Vitess hält. Piipse oder vibréiere fir méi Verkéierssécherheet! Wien de System ausschalte wëllt, muss dat ëmmer erëm, bei all Demarrage vum Auto maachen. 
 
Deen Assistent ass vu Juli un fir all nei verkaafte respektiv ugemellten Auto obligatoresch. Grad ewéi Systemer, déi vum selwer bremsen, wann een Obstakel am Wee steet, oder déi am Noutfall renkelen, fir den Auto an der Spuer ze halen, oder déi oppassen, dass de Chauffer net aschléift. Och eng Blackbox, déi no Accidenter ausgelies ka ginn, ass virgeschriwwen.

RTL

© RTL

Dat alles am Sënn vu méi Verkéierssécherheet! D’Europäesch Unioun huet sech nämlech ee kloert d'Zil ginn. Bis 2050 soll op eise Stroosse kee méi säi Liewe loossen. Fir dat Zil ëmzesetzen, soll d’Infrastruktur verbessert ginn (also d’Stroossen), mee och d’Technik vun den Autoen. Den Thierry Mousel vun der IEE erkläert, dass aktuell ëmmer méi Accidenter duerch onopmierksam Chauffere verursaacht ginn, an dass déi nei Systemer dofir suerge sollen, dass d’Automobilisten sech erëm méi op den Trafic konzentréiere sollen.
 
D’IEE ass eng Lëtzebuerger Firma, déi sech op d'Entwécklung vu spezielle Sensoren a Kameraen fir Autoen spezialiséiert huet. Déi sinn zwar fir déi Systemer, déi grad obligatoresch ginn, net néideg, mee hei suivéiert een déi ganz Diskussiounen tëschent Politik an Autosconstructeuren ganz intensiv. Gedriwwe ginn dës Entwécklunge ënnert anerem vun Euro-NCAP. Dat sinn déi mat de Crashtester. Mee Euro-NCAP leet och permanent nei Standarden fir Sécherheetssystemer fest. Beispillsweis huet Euro-NCAP duerchgesat, dass Bremsassistenten net nëmme grouss a fix Onstakelen, mee och Foussgänger a Vëlosfuerer zouverlässeg erkenne mussen. Dëse méi performante Bremsassistent gëtt eréischt am Juli 2026 obligatoresch, grad wéi eng Kamera déi analyséiert, op de Chauffer och wierklech op d’Strooss kuckt. 
 
Mee d’Entwécklung geet weider. Esou erzielt den IEE-Sécherheetsexpert Thierry Mousel, dass Euro-NCAP mëttlerweil och Autoe belount, déi ee Radar hunn, dee beispillsweis Kanner an engem zougespaarten Auto detektéiert, an dann Alarm schléit. Hien ass iwwerzeegt, dass an Zukunft ëmmer méi Autoe mat esou Radaren equipéiert wäerte sinn, a vläicht iergendwann och obligatoresch ginn.
 
All neien Auto, deen nom 7. Juli verkaaft gëtt, brauch also e Vitess-, Brems-, Spuer-, a Middegkeets-Assistent respektiv eng Blackbox. D'Verkéierssécherheet ass déi eng Säit. Op der anerer Säit stinn d'Komplexitéit an d'Käschte vun esou Systemer. Behält nach jiddwer Automobilist den Duerchbléck firwat den Auto grad piipst, a ka sech nach jiddwereen esou en neien Auto leeschten? De Philippe Mersch, President vun der Fedamo, wëllt den Notze vun esou Systemer net a Fro stellen, mee gëtt ze bedenken, dass “all Capteur säi Präis huet”, an en Deel vun de Präishaussen an de leschte Méint a Joren eben op méi komplett Sécherheetssystemer zeréckzeféieren ass.
 
E weideren Nieweneffekt vum Stéchdatum Juli 2024: vereenzelt méi eeler Modeller si komplett aus de Showrooms verschwonnen, well et fir d’Constructeuren ze opwänneg gewiescht wier, dës Modeller mat den neien obligatoresche Sécherheetssystemer z’equipéieren. D’Fedamo observéiert donieft och eng gewëssen Demande no Occasiounsautoen ouni dës Sécherheetssystemer. Well se méi bëlleg sinn, a well se manner nerven. 
 
Op der anerer Säit gëtt den Thierry Mousel vun der IEE ze bedenken, dass sech statistesch elo scho noweise léisst, dass Autoe mat Bremsassistent manner dacks an Accidenter verwéckelt sinn, wéi Autoen ouni esou Systemer.