Bal 20.000 Autoen den Dag duerch d'Abteistad
Iechternach läit no un der däitscher Grenz. Iwwer déi zwou Brécke vun der Sauer fueren all Dag vill Frontalieren, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen.
Och d'Lëtzebuerger Strooss an d'N10 - d'Strooss laanscht d'Sauer - gi vill genotzt, fir vun A op B ze kommen.
D'Liaison Morgenstern, de By-Pass Knepper an d'Voie Charly sollen hëllefen, de Problem vum Autostrafic an de Grëff ze kréien. Den Ament gëtt un der Liaison Morgenstern geschafft. Zejoert am Februar hunn dës Aarbechten ugefaangen. Enn vun dësem Joer, ugangs 2025, soll dës Strooss fir den Trafic opgoen, wou och déi geféierlech 90-Grad-Kéier entschäerft gëtt. 14 Milliounen Euro kascht dëse Projet. Eng Zomm, déi sech d'Stad Iechternach an d'Stroossebauverwaltung deelen.
D'Gemengeresponsabel wënsche sech fir d'Zukunft e Shared Space. Dëse soll ronderëm d'Maartplaz entstoen. Dëst ass aktuell awer nach Zukunftsmusek.