Vun dësem Trend profitéiert d'Federatioun op réng sportlechem Plang awer net wierklech.

E Samschdeg war den Nationale Vëlosdag zu Jonglënster. Dëst ass ee vun de Rendez-vousen, deen déi Leit, déi fest am Suedel sëtzen, net verpassen: Hei goufe Strécke vu bis zu 135 Kilometer ugebueden. Wou den Organisatiounscomité ronderëm de Jhemp Ernzen sech vill Gedanke gemaach huet, fir e relativ verkéiersfräie Parcours unzebidden. D'Garantie fir entspaant fueren, a Sécherheet.

Wien dem Verkéier awer ganz aus dem Wee goe wëll, deen huet besser seng Sortie esou ze plangen, datt een e maximum vun de ronn 600 Kilometer u Vëlosweeër abaut. Oder vun der 5. Editioun vum Vëlos-Summer ze profitéiert.

D'Federatioun profitéiert net vum Opschwong vum Vëlo zu Lëtzebuerg. 

Op engem Ament, wou ëmmer méi Leit Vëlo an der Fräizäit fueren oder de Vëlo fir op d'Aarbecht huelen, zitt den Trend, wat de Leeschtungssport ubelaangt, awer net un. Do sicht de Vëlo hei am Land weider nom zweeten Otem an dat trotz groussen a bekannten Nimm wéi Schléck, Kirchen oder Jungels.

''Et gëtt vun Dag zu Dag méi schwiereg am Verkéier, dobaussen. Mir hunn eng ganz Partie Konkurrenz mat anere Sportaarten, wat jo eng flott Saach ass, fir dass mer eng Diversitéit hunn. Mä mir hunn ëmmer nach eng gutt Qualitéit, awer an der Quantitéit, do musse mer natierlech eng Partie beweegen. Mir sinn amgaangen, iwwert d'Primärschoul e bëssen de Vëlo mat eranzekréien, an der Hoffnung, dass mer dann och Leit an d'Veräiner kréien. De Problem ass a bleift deen, dass an de Veräiner mussen déi Kanner betreit ginn. An do ass et schwiereg, fir Leit ze fannen, déi wëllen an den Nomëtteger mat de Kanner um Terrain schaffen'', sou d'Analyse vum Camille Dahm, President vun der Lëtzebuerger Vëlos Federatioun.

Vëlofueren zu Lëtzebuerg, do dréit sech villes ronderëm d'Sécherheet. 

An der Stad stoung och d'Bike Parade e Samschdeg ënnert dem Motto ''Sécher Vëlofueren, elo !'' Pro-Vëlo fuerdert nieft dem weideren Ausbau vun de spezifeschen Infrastrukture fir Cyclisten, e generellen Tempo Limitt op 30 Kilometer an der Stonn bannen an den Uertschaften.