Bis ewell war vun de Gewerkschafte kritiséiert ginn, datt d'Ministesch si net géif an d'Verhandlunge mat abannen.

Och hat et geheescht, datt d'Zukunft vun de 500 Mataarbechter um Spill stoe géif. Déi nei Konventioun, déi Enn vum Joer ausleeft, soll dann och iwwer 6 Joer lafen. Dëst entsprécht enger Fuerderung vun der FGFC, déi déi lescht Méint kritiséiert hat, datt d'DP-Ministesch kee Respekt virum Sozialdialog hätt.

D'Yuriko Backes huet bei hirem Rendez-vous mat der FGFC an dem OGBL nach emol kloer gemaach, datt den TICE mat sengen 150 Bussen net géif privatiséiert ginn an datt sech d'Leit keng Suergen ëm hir Plaze musse maachen. Primär géife weider Fonctionnairen agestallt ginn.

Suerge gouf sech op der TICE-Reunioun awer ëm d'Finanzéierung vum Syndikat gemaach an ob de Bussyndikat och weiderhi kann de Schülertransport, de Latenight-Service an all d'kommunal Linne bedéngen.

Enn dëst Joer leeft d'Konventioun tëscht dem Staat an den 9 Minetter TICE-Gemengen aus. D'staatlech Participatioun um Bus-Zerwiss chiffréiert sech op iwwer 50 Milliounen d'Joer, de Rescht vun de Käschten an Héicht vu knapp 40 Millioune mussen d'Gemenge bäisteieren.