Nei Präisser
Vun e Freideg un ass op der Pompel alles e bësse méi bëlleg

© AFP
Ëm Hallefnuecht ginn d'Präisser vum 95er, 98er an Diesel erof. Och de Masutt gëtt liicht méi bëlleg.
Duerch d'Baisse vun 1,4 Cent kascht de 95er Bensinn dann nach 1,571 Euro de Liter. Beim 98er Bensinn ass et eng Bäisse vun 2,7 Cent op dann nach 1,672 Euro.
Den Diesel gëtt zwee Cent méi bëlleg a kascht vun e Freideg un nach 1,48 Euro. Och beim Masutt (10 ppm) gëtt et eng Baisse ëm zwee Cent, op dann nach 0,951 Euro de Liter, wann een iwwer 1.500 Liter bestellt.
Am meeschte gelies