Wien vun e Freideg den Owend géint 21 Auer bis e Méindeg de Moie géint 5 Auer tëscht Esch a Péiteng ënnerwee ass, muss e bësse Gedold matbréngen.

Nämlech gëtt an där Zäit d'A13 tëscht Déifferdeng an Éilereng komplett fir den Trafic gespaart, fir d'Luuchten, déi nach op dëser Streck sinn, ze "dépolluéieren" wéi Ponts et Chaussées schreiwen. Nieft dësem Streckendeel vun der Collectrice wäert och d'Opfaart zu Déifferdeng a Richtung Esch an d'Opfaart zu Éilereng a Richtung Péiteng zou sinn.

D'Deviatioun, wann ee vun der A4 oder vun Esch kënnt, leeft iwwert den Echangeur Éilereng iwwert d'N37, den CR110 an d'N32, also duerch Éilereng an Deeler vun Zolwer a Suessem bis op den Echangeur Déifferdeng. Vu Péiteng aus geet et den anere Wee iwwert déi selwecht Streck.