De Lëtzebuerger Arnold Kontz Group wäert sech komplett vum Automobilmarché zeréckzéien.

Wéi de Grupp en Dënschdeg an engem Schreiwes matdeelt, wäert ee seng Aktivitéiten um Automobilmarché un de belsche Louyet Group oftrieden. Dësen huet 26 Garagen am Zentrum an am Süde vun der Belsch a wäert op den 30. September dëst Joer dann och zu Lëtzebuerg aktiv ginn.

Am Schreiwes heescht et weider, dass alleguer d'Konzessioune vum Arnold Kontz Group erhale bleiwen, an dass d'Personal integral vu Louyet iwwerholl gëtt.

Bei Arnold Kontz wëll ee sech an Zukunft exklusiv op de Verkaf vu Vëloen an op de Secteur vun der doucer Mobilitéit konzentréieren.