Vun e Samschdeg u fale ronn 50% vun de Parkplazen um Glacis ewech

© Nicolas Sottiau / RTL
D'Fouer réckelt ëmmer méi no an deementspriechend ginn och d'Preparatiounen um Glacis an déi nächst Phasen.
Den éischten Deel vum Parking ass schonn e Sonndeg de 14. Juli zougaangen a beim zweeten Deel, deen en Donneschdeg a Kraaft getrueden ass, sinn e puer weider Parkplazen ewechgefall.
Deen nächsten an drëtten Deel wäert e Samschdeg um 22 Auer fir d'Autoen zougoen. Mat dëser Phas fale bal d'Hallschent vun de Parkplazen um Glacis ewech.
Phas 4, an där all déi verbleiwend Parkplazen ewechfalen, ass fir sonndes de 4. an déi lescht Phas, an där en Deel vun der Avenue de la Faïencerie gespaart gëtt, ass fir samschdes de 17. August.
D'Avenue de la Faïencerie, tëscht der Allée Scheffer an dem Boulevard de la Foire, wäert da fir den Trafic bis de 14. September zou sinn.
De Parking "Rond-point Schuman" ass vum 23. August um Mëtternuecht bis den 12. September um 1 Auer zou, ausser fir déi Leit, déi en Abonement hunn.
