Wann de Fliger net flitt oder den Zuch op enger laanger Distanz net fiert, hu Passagéier nieft dem Remboursement deels och d’Recht op eng Indemnisatioun.

D’Zuel vun de Fliger, déi um Findel starten a landen, ass iwwert d’Joren an d’Luucht gaangen. Déi vun de Plaintë vun de Passagéier wéinst Verspéidungen oder Annulatioune bleift awer stabel. Dat sot e Freiden de Moien d’Ministesch vum Konsumenteschutz, d’Martine Hansen. Lo wou d’Vakanzenzäit wier, wéilt een nach eng Kéier rappelléieren, wéi eng Rechter d’Passagéier zu Lëtzebuerg hunn.  
 
Wann e Vol zum Beispill méi wéi 2 Stonne Retard huet, wier et un der Airline sech ëm d’Passagéier ze këmmeren. Also och fir Iessen a Gedrénks opzekommen. Wann dat net de Fall ass, sollen déi concernéiert Passagéier hir Reçuen halen, erkläert de Patrick Wildgen, Responsabele vum National Enforcement Body (NEB). Dobäi kann ee sech et dann awer net op Speese vun der Airline ze gutt goe loossen. "Dat geet alles mat gesonde Mënscheverstand an ass ëmmer a Fonctioun vun de Retarden a vun der Situatioun", betount de Patrick Wildgen. D’Recht op d’Indemnitéit géing da vum Retard bei der Landung ofhänken. Do géing vu Fall zu Fall musse gekuckt ginn.

RTL

© Diana Hoffmann

Wann de Vol dann annuléiert gëtt, an d’Airline keen neien ubitt, oder een deen net passt, da kann een ëmmer e Remboursement froen. Doriwwer eraus ass och eng Entschiedegung méiglech. Fir Flich bannt Europa sinn dat 250 Euro fir Kuerzstrecken (ënner 1.500 Kilometer) a 400 Euro fir Mëttel- oder Laangstreckeflich (iwwer 1.500). Bausst Europa sinn et da 400 Euro fir Mëttelstreckeflich a 600 Euro fir Mëttel- a Laangstrecken (iwwer 3.500 Kilometer).  Dëst gëllt awer just, wann et der Airline hire Feeler war. Eng technesch Pann um Flughafen, e Streik oder Niwwel zum Beispill kënnen net als Feeler vun der Airline ugesi ginn. 
 
Remboursementer gëllen iwweregens net just fir Vollen, mee och bei Busreesen, Zuchreesen oder Reese mam Schëff. Woubäi hei d’Rechter awer méi limitéiert wieren, betount de Patrick Wiltgen vum NEB.

Problemer mam Gepäck

Wann een dann um Flughafen ukomm ass, d’Gepäck awer net, soll een sech fir d’éischt mol bei deem dofir virgesinne Schalter mellen. D’Airline muss engem dann e puer Saache ginn, déi ee brauch, an der Hoffnung, dass d’Gepäck geschwënn ukënnt.

"Beim Akafe vu Kleeder soll een awer oppassen", réit d’Karin Basenach, Directrice vum europäesche Konsumenteschutz (ULC). Et misst ee kënnen noweisen, dass een dës wierklech gebraucht huet, fir de Montant rembourséiert ze kréien. Ma och hei gëllt et d’Reçuen ze halen. Taucht d’Gepäck da guer net méi op, kritt een am Schnëtt eng Entschiedegung an Héicht vun 1.600 Euro. Dass eng Wallis guer net ukënnt, kéim awer just a ganz seelene Fäll vir. 
 
An de leschten 2 an en Halleft Joer wieren dann 58.000 Volle vum Findel gestart. Bei 818 Volle gouf et op d’mannst eng Plainte. Dat sinn 1,4 Prozent vun de Vollen. Iwwer 80 Prozent vun de Plainte wieren dëst Joer bannt 3 Méint traitéiert ginn. Déi national Airline géing do gutt ofschneiden, heescht et. Si géing bei wäitem ënnert dësem Chiffer leien. 
 
Um Internetsite passengers.lu kënne Reesender sech informéiere wat hier Rechter sinn an u ween se sech solle riichten.

Weider Detailer fannt Dir hei um Site vun der Regierung.

RTL

Vu lénks no riets: Karin Basenach, Centre européen des consommateurs Luxembourg, d'Ministesch Martine Hansen an d'Aline Rosenbaum, Union luxembourgeoise des consommateurs. / © Diana Hoffmann