Wéi mir vun enger Lieserin gemellt kruten, koum et e Méindegowend zu enger Pann um Funiculaire. Wärend Minutte waren d'Diere vun dësem net opgaangen.

Wéi d'Lieserin schreift, wollt si zesumme mat 7-8 anere Leit e Méindegowend géint 18.45 Auer de Funiculaire bei der Rouder Bréck erof bei d'Zuchstatioun vum Pafendall huelen. Nodeems d'Dieren zougaange sinn, ass d'Gondel allerdéngs net fortgefuer an d'Diere sinn och net méi opgaangen. D'Drécke vum SOS-Knäppchen hätt iwwerdeems och näischt bruecht. Zwou Persounen aus dem Funiculaire hätten d'Dieren dunn aus eegener Kraaft opgemaach kritt.

D'CFL hunn eis op Nofro hin de Virfall confirméiert. Eng Feelermeldung hätt den Defekt ausgeléist, wouduerch déi komplett Statioun Pafendall huet mussen erofgefuer an nei gestart ginn.

"Doduerch huet och missen den 'Bedienrechner' erëm eropgefuer ginn an een automateschen, elektroneschen Funktiounstest duerchgefouert ginn. Dat ass eng onangeneem Pann, déi e Komplettausfall vun der Anlag provozéiert an ass vergläichbar mat engem PC, dee muss nei gestart ginn", esou e Spriecher vun den CFL.

Firwat iwwert den SOS-Knäppche keen zoustännegen Techniker konnt erreecht ginn, géif den Ament gepréift ginn, esou d'CFL weider. Dës Pann wier esou bis ewell nach net opgetrueden, och d'Kommunikatioun iwwert den SOS-Knäppchen hätt ëmmer funktionéiert. Dës géing bei Maintenanceaarbechte reegelméisseg iwwerpréift ginn.