Mam Vëlo duerchgängeg vu Clierf iwwert d'Vennbunn bis op Oochen, dat soll an e puer Joer méiglech sinn.

Dës Woch gouf mat der Ouverture vum éischten Deel vun der Piste cyclable 21 tëscht Clierf an Ëlwen ee wichtege Schrëtt an déi Richtung gemaach. Ma et bleift awer nach genuch Aarbecht.

Vëlospist Clierf-Maulesmillen - Reportage Marc Hoscheid

Aktuell ass nämlech réischt dee ronn 4 Kilometer laangen Deel vu Clierf op d'Maulesmille komplett fäerdeg. Dono geet et bis op Weideres iwwert een ausgeschëldert Provisorium a Richtung Ëlwen. Am Fong ass d'Lous 1 tëscht Clierf an der Maulesmillen net ganz nei, e war nämlech schonn d'lescht Joer am Summer op, gouf awer du rëm zougemaach, fir d'Fielsen um Bord vun der Vëlospiste ofzesécheren. Elo, wou déi Aarbechten ofgeschloss sinn, konzentréiert ee sech bei Ponts et chaussées virun allem op den Deel ronderëm Cinqfontaines.

Am Fong verleeft d'Vëlospiste zum gréissten Deel parallel zur Eisebunnslinn, woubäi ee Gelänner, dat all Zort vu Wëldwiessel erlaabt, d'Cycliste schützt. Ma nërdlech vun der Bockmillen fiert den Zuch duerch een Tunnel. An dat ass nawell ee Problem, esou de Marc Ries, Chef de Division de la voirie de Diekirch bei Ponts et chaussées.

"Mir kënne bei Cinqfontaines net duerch den Tunnel goen. Dat ass och normal, datt d'Eisebunn an de Vëlo sech net den Tunnel am Däischteren deelen. Do hu mer Léisunge gesicht. Natierlech sinn do ganz vill Biotopen an eng protegéiert Zone, mee mir hunn eis ganz enk mat der Naturverwaltung zesummegesat a mir hunn do Léisunge fonnt. Mir wäerte kuerz virum Tunnel de Bierg erop fueren, natierlech och mat Penten, déi ee mam Vëlo ka fueren."

Op der anerer Säit vum Bierg wäert d'Pist dann iwwert eng Bréck iwwert d'Schinnen op de Site vum Klouschter Cinqfontaines féieren. Dono geet et dann iwwert een Tronçon, dee scho besteet, op Ëlwen. Eleng déi éischt zwee Lousen tëscht Clierf a Cinqfontaines, déi zesummen eng Längt vu 6 Kilometer hunn, kaschte 7 Milliounen Euro.

Déi ganz Streck huet 10 Kilometer, de Budget läit bei 8,5 Milliounen Euro.