Eng Woch laang gëtt am Kader vun enger Speed-Week an de meeschte Bundeslänner verstäerkt d'Vitess kontrolléiert.

Am Saarland an a Bayern mécht een awer net mat. A Rheinland-Pfalz awer schonn. D’Vitess soll virun allem bannent den Uertschafte gemooss ginn, wéi och viru sensibele Plazen, beispillsweis an 30er-Zonen oder op Landstroossen, vun deenen ee weess, dass emol gär gerannt gëtt.