D'Baissen op der Pompel am Summer gi weider. Och e Mëttwoch ginn d'Präisser vum Diesel, Bensinn a Masutt nees eng Grëtz méi bëlleg.

Duerch eng Baisse vun 3,7 Cent kascht de 95er Bensinn vun e Mëttwoch un nach 1,522 Euro de Liter. De Präis vum 98er Bensinn geet iwwerdeem ëm 3,6 Cent erof op dann 1,636 Euro de Liter.

Den Diesel gëtt ganzer 3,9 Cent méi bëlleg, woumat de Präis op 1,431 Euro de Liter fält.

Beim Masutt (10 ppm) gëtt et eng weider Baisse ëm 3,6 Cent, op dann nach 0,895 Euro de Liter, wann een iwwer 1.500 Liter bestellt.