Am Juli hat d'EU zousätzlech Import-Taxe verhaange fir Elektroautoen, déi aus China kommen. Dat huet China net op sech sëtze gelooss.

Mat den zousätzlechen Taxen op Elektroautoen, déi Bréissel verhaangen huet, wollt een op d'Subventionéierunge fir chineesesch Entreprisë reagéieren, déi negativ Effekter op europäesch Produzenten hätten. Eng final Entscheedung sollt am November getraff ginn, well Bréissel op eng Verhandlung an e Kompromëss mat China gehofft huet.

Déi chineesesch Regierung iwwerdeems huet sech elo bei der Welthandelsorganisatioun beklot. D'Entscheedung vun der EU géif géint d'Reegele vun der Welthandelsorganisatioun verstoussen an déi global Zesummenaarbecht an der Bekämpfung vum Klimawandel ënnerbannen, heescht et vum chineesesche Ministère fir Handel. Weider rifft de Ministère d'EU dozou op, "déi falsch Praktiken ze korrigéieren" an "zesummen d'Stabilitéit vun der wirtschaftlecher an handelspolitescher Zesummenaarbecht" tëscht China an der Europäescher Unioun oprechtzëerhalen.