Op der Pompel
De Liter Diesel gëtt liicht méi deier

© AFP Archiv
Nodeems e Mëttwoch alles e bësse méi bëlleg gouf, geet de Präis vum Diesel e Samschdeg nees erop.
Vun Hallefnuecht u muss ee fir de Liter Diesel 1,8 Cent méi bezuelen. De Präis läit deemno vun e Freideg u bei 1,449 Euro de Liter. Och de Masutt (10ppm) gëtt e bësse méi deier a kascht dann nach 0,914 Euro de Liter, dat vun enger Liwwerung vun 1.500 Liter un.
D'Präisser vum 95er an 98er Bensinn bleiwen onverännert.

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies