Op der Pompel
Och 98er a 95er Bensinn gi liicht méi deier

Nodeems e Samschdeg de Präis vum Diesel nees liicht an d'Luucht gaangen ass, ginn och den 98er an de 95er Bensinn méi deier.
Vun en Dënschdeg u muss een da fir de 95er Bensinn 1,5 Cent méi bezuelen, woumat de Präis bei 1,537 Euro de Liter läit.
Den 98er Bensinn geet iwwerdeem ëm 1,8 Cent an d'Luucht a kascht dann 1,654 Euro de Liter.
D'Präisser vum Diesel a Masutt bleiwen onverännert.
Am meeschte gelies