Ausgang Sëll a Richtung Schweebech
Fixe Radar zu Sëll nach an der Testphas, nach keen Datum fir repressiv Phas

© Domingos Oliveira (Archiv)
Den neie fixe Radar zu Sëll war Ugangs 2023 ugekënnegt ginn an ass zënter Juli, also zënter 6 Wochen, an der Testphas.
An enger Äntwert op déi parlamentaresch Fro aus de Reie vun der DP präziséieren déi zoustänneg Ministere Gloden a Backes, dass wärend der Testphas all d‘Donnéeë geläscht ginn, an dass se och net ausgewäert ginn.
Et geet drëm, déi néideg Parameteren anzestellen an zum Beispill d‘Kamera ze kadréieren. Ee geneeën Datum fir déi repressiv Phas ass nach net definéiert ginn. Deen neie fixe Radar steet am Ausgang vu Sëll a Richtung Schweebech.
Am meeschte gelies